FR DE

Recherche

Type:


Projet dont l'activité fait partie:


Lieu / Espace fonctionnel:


Champs d'action:


Âge:


Mots-clés:


Rechercher

Journal de bord


Kniwwelkëschten

Activité pédagogique

23.10.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Mat wèineg Opwand, kann een de Kanner Material ubidden, wat fir si interessant ze entdecken ass a vill Austausch erméiglecht: Kniwwelkëschten.
E groussen duerchsiichtegen Back ka fir allméigleg Theme genotzt ginn. Ee Back dee grouss genuch ass, datt e vun e puer Kanner vun e puer Saiten aus ka bespillt ginn.
all Thema, Märchenwelt, Joereszait a Landschaft si virstellbar an emsëtzbar. Zum Beispill
Käschten, Nëss an Eechelen mat verschidden Dëppecher 
Ouschtergraass wou Ëer vu verschiddenen Gréissten verstoppt sinn, déi Kanner mat groussen Pnicetten eraushuelen kënnen
Scenen aus dem  Zoo oder dem Bauerenhaff  
Dekobullen, dei sech mat Waasser vollsaugen
Raséierschaum mat Liewensmëttelfaarw
Sand, Wasser an Dëppecher
Réis oder soss Kären mat verschidden Läffelen an Dëppecher
Plasteline
Wattebullen, Fuesbännecher, Steng, Plommen
Magnéitspillwelten

» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Equipe Fanti
Nom du groupe Bei de Léiwen an Am Giraffenland
Âge 0-1 ans
1-2 ans
2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Fuerschen an Entdecken vun verschiddenen Materalien.
Austausch mateneen stärken
Nombre d'enfants 25
Champs d'action Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Gudden Appetit

Activité pédagogique

22.10.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


All Daach virum Mëttegiessen, den Dësch ass gedëckt setzen mir eis zesummen un den Dësch an sangen eis Lidd a wënschen ee gudden Apetit
Een alldeeglecht klengt Ritual, daat sech ganz einfach a flott dofir ubidd dass Kanner vill verschidden Sprocchen erliewen. héeieren an/oder matsangen.
E klengt Lidd wat sech liiecht op vill verschidden Sprocchen iwersetzen léisst an vermëschen léisst.

» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Equipe Fanti
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Méisprocchegkeet erliewen
Wertschätzen vun den verschiddenen Mammanesorocchen
Een Moment schaafen wou mir zesummen vum Spill an d'Iesssituatioun wiesslen.
Nombre d'enfants 12
Champs d'action Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Education plurilingue
Inclusion




Den Bliedermännchen

Activité pédagogique

22.10.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Haut hunn mir vum schéinen Hierschtwieder profitéiert an sinn eraus gaangen. Tëschent dem Spillen hunn mir dobaussen eng kleng Bastelaktivitéit gemaach. Eng Bastelaktivitèit wou d’Educatrice hier an dem Kand seng Handlungen sproochlech (op lëtzebuergesch) begleet huet.

No en een konnt all Kand sech ee faarwegt Blat (vum Baam), dat mir gesammelt hunn eraussichen. Zesummen mat der Educatrice huet Kand säin Blat op een Pabéierblat gepäscht. Si hunn zwee wäiss Rondelen op d‘Blat gepäscht an an jiddwer Rondel en decken schwaarzen Punkt gemoolt, 2 Aen sinn entstanen. Et gouf zesummen ee Mond, Nues, Äerm, Hänn, Been a Féiss opgemoolt.

Et sinn einfach Gesten wou vill Kommunikatioun stattfënnt, op verbaler an non verbaler Aart a Weis

Mir hunn gutt gelaacht, et war lëschteg zesummen een Männchen aus engem einfachen Blat, dat mir beim spadséieren fonnt hunn, entstoen ze loossen deen eis ulaacht, wénkt a grouss kuckt



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Carole
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Eng kleng Bastelaarbecht als Dekoratioun fir de Gruppenraum passend zum Hierscht.

Sprooch, Kommunikatioun an Méisproochegkeet fënnt an den alldeeglechen Handlungen an Aktivitéiten statt





Mir ginn an d'Schoul

Activité pédagogique

27.08.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Enn August/Ufank September ass eng Zäit déi gepräägt ass vum Thema „Schoul“.

Kanner sinn grouss ginn, ee wichtegen Wiessel steet befier.

An de Gespréicher, Froen vun de Kanner an am Austausch ënnereneen kann een dësen wichtegen Wiessel héieren a spieren:

"… Wat ass d‘ Schoul? Wei gesäit d’Schoul aus? Wou ass d’Schoul? Elo ginn ech geschwënn an d’Schoul. Ech sinn lo grouss. Ech hunn ee Schoulsak kritt …"

Esou hunn mir eis e puer mol op de Schoulwee gemaach, mir sinn kucken gaangen ewéi eng Schoul ausgesäit, ewéi den Haff, an d’Ëmgéigend ausgesäit, ewéi et sech ufillt wann een an d’Schoul geet. Och wann net all Kan op Hesper oder op Fenteng an d’Schoul geet, konnten des gemaachten Beobachtungen sécherlech munch Kannerfroen beäntwerten

» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Carole, Christelle
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Transitioun; de Wiessel vun der Crèche an d'Schoul ennerstëtzen.
Nombre d'enfants 9
Champs d'action Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Mir ginn an den Parc Merveilleux

Activité pédagogique

22.08.2018 - 22.08.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Am Gespréich mat de Kanner an am Moieskreess hunn mir mat den Kanner iwert den Ausfluch geschwaat. Vill Gespréicher sinn entstaanen. Dei meeschte Kanner kënnen den Park Merveilleux. Et war eng grouss Virfreed bei de Kanner, Equipe an den Elteren.
Nodeems den Picnic an alles Neideges fir een Daag am Park gepaak war, sinn mir schon Moies mam Bus op Beetebuerg an de Park gefuhr.
Et war een flotten Daag. Kanner waren immens frouh.
Mir sinn mam Zichelchen gefuhr, mir hunn vill op der Spillplaatz gespillt, mir sinn mat den Autoen gefuhr, mir sinn vill gelaaf, hunn gelaach, dem Poohunn nogekuckt, dei stenkesch Stachelschwein beobacht, d’Aafen, de Krokodil, Fësch, Papageien an vill aaner Déieren gesinn.
Owes an dei Deeg dono haat jiddfereen vill ze erziehlen.

» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Alex, Magda, Christelle
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)
  • Entdeckungen a Beobachtungen rondrem Thema Déieren.
Kaatzen, Hënn, Kanengecher, ... kënnen Kanner oft aus hierem familiären Emfëld. Een Besuch am Déierenpark erméiglecht hinnen e Zougang zu Déieren aus fernen Länner an ass een gudden Ausgangspunkt fir nei Entdeckungen ze erfuerschen. Verschiddenst Liewenwiesen kann een hei beobachten; verschidden Déierengeraischer nolauschteren, hieren Geroch richen an hier’t d’Fell spieren.

  • "Zesummen sinn" stärken
Een Ausfluch (an een Déierenpark) ass emmer ëppes Besonnesches. Zesummen op Entdeckung goën, mëscht Freed an stärkt den Zesummenhalt.

  • Gespréichuläss schaafen
Mat oppenen Aan an Oueren greifen mir d’Fröen an d’Interessen vun de Kanner op fir mat hinnen doriwwer ze schwätzen.
Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Nombre d'enfants 9
Projet dont l'activité fait partie Déieren
Champs d'action Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue




Esou schmaacht de Summer

Activité pédagogique

16.07.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


  • An éisem Gaart konnten Kanner léieren ewei d’Äerdbier wuessen. Op eng spilleresch Aart a Weis konnten sie léieren waat Planzen brauchen fir ze wuessen (Waasser, Buedem an Sonnenliicht). Et huet de Kanner vill Spaass gemaach, dei kleng Planzen reegelméisseg netzen ze goën an no hinnen kucken ze goën. Sie hunn erlieft ewéi op de grëngen Planzen, weiss a giel Bléien gewuess sinn, ewéi déi éischt Äerdbier gewuess sinn, déi sech Dank der Sonn an hierer Faarw verännert hunn. 

Zum Summer gehéieren des frësch Friichten einfach dozou, delwer geplëckt schmaachen se am Bëschten.

» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Magda, Christelle
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Erliewen waat Friichten fir ze wuessen brauchen.
Entdecken ewei Friichten wuessen, ausgesinn a schmaachen.
Projet dont l'activité fait partie Am Gaart
Champs d'action Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Den Gecko an d'Schlaang

Activité pédagogique

20.06.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Et war e ganz besonneschen Besuch an der Crèche vun der Schlaang an vum Gekkho

No wichtegen Virbereedungen, dat des Déieren op eng gerecht Aart a Weis an Crèche komm sinn war et ganz besonneschen Dag voller Staunen an villen Andréck.

Wat eng Schlaang ass, wëssen di meeschten de Kanner, si kënnen se  aus de Bicher, aus dem Zoo oder duerch Erzielungen. Ganz aneschtes ass et eng Schlaang vun ganz no ze gesinn.

De Jalon huet de Kanner d’Schlaang gewisen an hinnen villes iwwert si erzielt. Wien sech getraut huet, konnt se och upaken a spieren.

No dësem Erliefniss waren Kanner lauter well Schlaangen an hirem Spill, déi duerch Géigend geschlängelt sinn an sie hunn vill Schlangen aus Plasetline gefoormt.

De klengen Gekkho, deen Magda mat op Besuch bruecht huet war net manner intressant. Mat Begeeschterung hunn Kanner dëst klengt Déier bewonneren, seng schéin Faarwen, seng Beweegungen a säin Doheem bewonneren an wollten alles iwwert hien wëssen.



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Jason, Magda
Nom du groupe Bei de Léiwen an Am Giraffenland
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) D'Villfalt vun der Déierewelt entdecken, beobahcten a erfuerschen.
Partenaire(s) de coopération Expert(s) externe(s)
Autres
Autres partenaires Schlaangen.lu (Jason Weber)
Projet dont l'activité fait partie Déieren
Champs d'action Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Notre aire de jeux

Espace fonctionnel

13.06.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Laafen, Sprangen, Schaukelen, Rutschen, Klooteren, Spillen, Verstoppen, Raschten, Kucken, .... dobaussen kënnen sinn, zu all Joereszäit mëscht Freed.

» Détails
Type Espace fonctionnel
Responsable(s) Equipe Fanti




Ewei Déieren wuessen

Activité pédagogique

11.06.2018 - 30.06.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Am Fréijoer an am Summer kréien vill Déieren Nowuess. Een vollkommenen Ulass, Déieren beim Wuessen ze beobachten.

Et ginn Déieren déi wuessen ähnlech ewéi mir, si ginn vun hiren Elteren gefiddert, gesinn tapsesch aus an ginn no an no ëmmer méi selbststänneg.           
Am Gespréich mat de Kanner, huet Cl (2.5 J) erzielt, dass seng Kanéngchen, Klenger kritt huet. Dem Cl seng Mamm huet sech Zäit geholl, mat de klengen Kanéngecher op Besuch ze kommen. Dat war esou léif, déi kleng tapsesch Kanéngecher ze kucken an ganz douce ze heemelen.

Et ginn awer och Déieren, déi maachen eng seltsam Verwandlung. 
Mir hunn entdeckt ewéi aus Raupen, Päiperleken entstinn. Mir haten an der Crèche e puer Raupen, déi mir hei op eng aartgerecht Aart a Weis versuergt hunn.An den folgenden Deeg konnten Kanner bei hirer Verwandlung nokucken, hier Froen an Hypotheesen stellen. Mir hunn gesinn ewéi d'Raupen sech verpoppt hunn an bemol wonnerschéin Päiperleken geschlüpft sinn. Am allerschéinsten war et ewéi mir Päiperleken an déi grouss Welt eraus fléien gelooss hunn.

Grouss Billerkaarten a Bicher (zBsp vum Ee zum Jippelchen, Päerd an säin Fillen, Kou an Källefchen etc.) hunn dëst Thema ergänzt.



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Equipe Fanti
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

E Stéck Natur erfuerschen an entdecken:

  • ewéi Déieren ausgesinn
  • wei si heeschen an
  • ewéi si wuessen
Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Nombre d'enfants 15
Projet dont l'activité fait partie Déieren
Champs d'action Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Fir meng Mamma

Activité pédagogique

04.06.2018 - 08.06.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Mir schenken der Mamma eng Sonneblumm, dei mir geplanzt hunn, an engem schéinen bemoolten Blummendëppen; daat war d’Idee.

Leider sinn e ganze Koup vun éisen Sonnenblummen dei mir an ésiem Gaart geséit hunn, verdrëschent. Iwwer ee laangen waarmen Weekend sinn dei jonk Blimmelcher verdrëschent. Daat ass immens schued, mai elo wessen mir waat Blummen brauchen fir ze liewen.

Dei Sonneblummen, dei iwwerliewt hunn, loossen mer léiwer raschten an am Gaart wuessen. Den André huet eisen Kanner frësch Blummen matbruecht fir kënnen ze verschënken.

Emsu eifreg hunn Kanner hier Blummendëppen bemolt, Biller an Kaarten gestalt. Iwer eng ganz Woch hunn mir des Aktivitéit emmer rem ugebueden, sou dass all Kand genuch Zäit an den Choix haat ob a weini et un sengem Kado wollt schaffen.

Kanner gestalten gären mat Faarwen, schmieren, hannerloossen hier Oofdrëck, mat Schwamm, Hänn asw. Mir hunn de Kanner Material zur Verfügung gestalt an sie maachen gelooss An enger gemitlecher Athmosphär, alleng oder zesummen mat der Edcuatrice/Educateur oder engem aanerern Kand sinn hei verschiddenst Blummendëppen a flott Gespreicher iwwert Mamma an villes méi entstaanen.

Mamma’en hunn sech allefall allgeguerten gefreed, a waren ganz houfreg.



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Equipe Fanti
Nom du groupe Bei de Léiwen an Am Giraffenland
Âge 1-2 ans
2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Traditioun vum "Mammendaag,
wou all Kand senger Mamma ee selwer gebastelten Kaddo schenkt.
Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Nombre d'enfants 25
Projet dont l'activité fait partie Am Gaart
Champs d'action Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Créativité, art et esthétique
Sciences et techniques
Education plurilingue




first previous last previous