FR DE

Recherche

Type:


Projet dont l'offerte fait partie:


Nom de la salle / du lieu:


Champs d'action (max.: 4):


Âge:


Mots-clés:


Rechercher

Journal de bord


Coin de construction

Espace / lieu

15.10.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Aneinanderlegen, Nebeneinanderlegen, in die Höhe bauen, ausbalancieren, zusammenstürzen lassen, wieder neu beginnen, eigene Ideen umsetzen, ... das Spiel mit den beliebten Holzsteinen stärkt die Entwicklung der Kinder

» Détails
Type Espace / lieu
Responsable(s) Equipe Fanti




Dans la salle de bains

Espace / lieu

24.09.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Buedzëmmer, Toiletten, de Lavabo, de Krunn, … sinn op Héicht vun de Kanner an si kënne alles selwer benotzen . Hei léieren mir op Toilette ze goen, Hänn a Zänn ginn gewäsch. Wien duecht, dass daat awer schon alles ass, deen iiert sech!
Bei eis am Buedzëmmer léieren Kanner och Mathematik an Naturwëssenschaften. Et ass d‘Freed fir ze fuerschen an mat allen Sënner ze léieren an ze erliewen.

Kanner notzen Geleeënheet  fir mam Waasser ze spillen an ze puddelen!

Si krroopen sëch d‘Becheren, Schosselen, Déppecher, Läffelen asw. déi hei stinn.

Kanner fëllen Becheren a Schosselen, schëdden se nees em, si probéieren weivill Waasser passt an di eng Schossel, weivill an di aner. 

Si kucken dem Waasser gespaant no wann et leeft a iwwerleeft.

Si transportéieren di gefëllten Dëpper vun enger Platz op déi aner,

Si fëllen d^Waasser mat de Läffelen a Becheren vun engem Gefäss an dat anert.

Si tauschen sech ënnereneen aus, tauschen d'Saachen oder kucken noo.

Si fillen kal a waarm Waasser.

Ouni vill Opwand kënnen Kanner sech (eleng oder zu puer) hei ganz an d'Spill mam Waasser verdeiwen.  


Ee Spill: 

  • Daat Freed um Erfuerschen an Experimentéieren stäerkt.
  • Wou d'Kand op eng ganz non-formal Aart a Wéis an mat allen Sënner léiert
  • Daat Mat-a Selbstbestëmmung erméiglecht
  • Wou Kand sech mat Naturwëssenschaften a Mathematik auseneesetzt
  • Wou  Sozialen Kompetenzen an den sproochlechen Austausch stäerkt
  • Daat eegen Kompetenzen opbaut


» Détails
Type Espace / lieu
Responsable(s) Equipe Fanti




Mir ginn an d'Schoul

Offre pédagogique

27.08.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Enn August/Ufank September ass eng Zäit déi gepräägt ass vum Thema „Schoul“.

Kanner sinn grouss ginn, ee wichtegen Wiessel steet befier.

An de Gespréicher, Froen vun de Kanner an am Austausch ënnereneen kann een dësen wichtegen Wiessel héieren a spieren:

"… Wat ass d‘ Schoul? Wei gesäit d’Schoul aus? Wou ass d’Schoul? Elo ginn ech geschwënn an d’Schoul. Ech sinn lo grouss. Ech hunn ee Schoulsak kritt …"

Esou hunn mir eis e puer mol op de Schoulwee gemaach, mir sinn kucken gaangen ewéi eng Schoul ausgesäit, ewéi den Haff, an d’Ëmgéigend ausgesäit, ewéi et sech ufillt wann een an d’Schoul geet. Och wann net all Kan op Hesper oder op Fenteng an d’Schoul geet, konnten des gemaachten Beobachtungen sécherlech munch Kannerfroen beäntwerten

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Carole, Christelle
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Transitioun; de Wiessel vun der Crèche an d'Schoul ennerstëtzen.
Nombre d'enfants 9
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Mir ginn an den Parc Merveilleux

Offre pédagogique

22.08.2018 - 22.08.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Am Gespréich mat de Kanner an am Moieskreess hunn mir mat den Kanner iwert den Ausfluch geschwaat. Vill Gespréicher sinn entstaanen. Dei meeschte Kanner kënnen den Park Merveilleux. Et war eng grouss Virfreed bei de Kanner, Equipe an den Elteren.
Nodeems den Picnic an alles Neideges fir een Daag am Park gepaak war, sinn mir schon Moies mam Bus op Beetebuerg an de Park gefuhr.
Et war een flotten Daag. Kanner waren immens frouh.
Mir sinn mam Zichelchen gefuhr, mir hunn vill op der Spillplaatz gespillt, mir sinn mat den Autoen gefuhr, mir sinn vill gelaaf, hunn gelaach, dem Poohunn nogekuckt, dei stenkesch Stachelschwein beobacht, d’Aafen, de Krokodil, Fësch, Papageien an vill aaner Déieren gesinn.
Owes an dei Deeg dono haat jiddfereen vill ze erziehlen.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Alex, Magda, Christelle
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)
  • Entdeckungen a Beobachtungen rondrem Thema Déieren.
Kaatzen, Hënn, Kanengecher, ... kënnen Kanner oft aus hierem familiären Emfëld. Een Besuch am Déierenpark erméiglecht hinnen e Zougang zu Déieren aus fernen Länner an ass een gudden Ausgangspunkt fir nei Entdeckungen ze erfuerschen. Verschiddenst Liewenwiesen kann een hei beobachten; verschidden Déierengeraischer nolauschteren, hieren Geroch richen an hier’t d’Fell spieren.

  • "Zesummen sinn" stärken
Een Ausfluch (an een Déierenpark) ass emmer ëppes Besonnesches. Zesummen op Entdeckung goën, mëscht Freed an stärkt den Zesummenhalt.

  • Gespréichuläss schaafen
Mat oppenen Aan an Oueren greifen mir d’Fröen an d’Interessen vun de Kanner op fir mat hinnen doriwwer ze schwätzen.
Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Nombre d'enfants 9
Projet dont l'offerte fait partie Déieren
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue




Esou schmaacht de Summer

Offre pédagogique

16.07.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


  • An éisem Gaart konnten Kanner léieren ewei d’Äerdbier wuessen. Op eng spilleresch Aart a Weis konnten sie léieren waat Planzen brauchen fir ze wuessen (Waasser, Buedem an Sonnenliicht). Et huet de Kanner vill Spaass gemaach, dei kleng Planzen reegelméisseg netzen ze goën an no hinnen kucken ze goën. Sie hunn erlieft ewéi op de grëngen Planzen, weiss a giel Bléien gewuess sinn, ewéi déi éischt Äerdbier gewuess sinn, déi sech Dank der Sonn an hierer Faarw verännert hunn. 

Zum Summer gehéieren des frësch Friichten einfach dozou, delwer geplëckt schmaachen se am Bëschten.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Magda, Christelle
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Erliewen waat Friichten fir ze wuessen brauchen.
Entdecken ewei Friichten wuessen, ausgesinn a schmaachen.
Projet dont l'offerte fait partie Am Gaart
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Den Gecko an d'Schlaang

Offre pédagogique

20.06.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Et war e ganz besonneschen Besuch an der Crèche vun der Schlaang an vum Gekkho

No wichtegen Virbereedungen, dat des Déieren op eng gerecht Aart a Weis an Crèche komm sinn war et ganz besonneschen Dag voller Staunen an villen Andréck.

Wat eng Schlaang ass, wëssen di meeschten de Kanner, si kënnen se  aus de Bicher, aus dem Zoo oder duerch Erzielungen. Ganz aneschtes ass et eng Schlaang vun ganz no ze gesinn.

De Jalon huet de Kanner d’Schlaang gewisen an hinnen villes iwwert si erzielt. Wien sech getraut huet, konnt se och upaken a spieren.

No dësem Erliefniss waren Kanner lauter well Schlaangen an hirem Spill, déi duerch Géigend geschlängelt sinn an sie hunn vill Schlangen aus Plasetline gefoormt.

De klengen Gekkho, deen Magda mat op Besuch bruecht huet war net manner intressant. Mat Begeeschterung hunn Kanner dëst klengt Déier bewonneren, seng schéin Faarwen, seng Beweegungen a säin Doheem bewonneren an wollten alles iwwert hien wëssen.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Jason, Magda
Nom du groupe Bei de Léiwen an Am Giraffenland
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) D'Villfalt vun der Déierewelt entdecken, beobahcten a erfuerschen.
Partenaire(s) de coopération Expert(s) externe(s)
Autres
Autres partenaires Schlaangen.lu (Jason Weber)
Projet dont l'offerte fait partie Déieren
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Notre aire de jeux

Espace / lieu

13.06.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Laafen, Sprangen, Schaukelen, Rutschen, Klooteren, Spillen, Verstoppen, Raschten, Kucken, .... dobaussen kënnen sinn, zu all Joereszäit mëscht Freed.

» Détails
Type Espace / lieu
Responsable(s) Equipe Fanti




Ewei Déieren wuessen

Offre pédagogique

11.06.2018 - 30.06.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Am Fréijoer an am Summer kréien vill Déieren Nowuess. Een vollkommenen Ulass, Déieren beim Wuessen ze beobachten.

Et ginn Déieren déi wuessen ähnlech ewéi mir, si ginn vun hiren Elteren gefiddert, gesinn tapsesch aus an ginn no an no ëmmer méi selbststänneg.           
Am Gespréich mat de Kanner, huet Cl (2.5 J) erzielt, dass seng Kanéngchen, Klenger kritt huet. Dem Cl seng Mamm huet sech Zäit geholl, mat de klengen Kanéngecher op Besuch ze kommen. Dat war esou léif, déi kleng tapsesch Kanéngecher ze kucken an ganz douce ze heemelen.

Et ginn awer och Déieren, déi maachen eng seltsam Verwandlung. 
Mir hunn entdeckt ewéi aus Raupen, Päiperleken entstinn. Mir haten an der Crèche e puer Raupen, déi mir hei op eng aartgerecht Aart a Weis versuergt hunn.An den folgenden Deeg konnten Kanner bei hirer Verwandlung nokucken, hier Froen an Hypotheesen stellen. Mir hunn gesinn ewéi d'Raupen sech verpoppt hunn an bemol wonnerschéin Päiperleken geschlüpft sinn. Am allerschéinsten war et ewéi mir Päiperleken an déi grouss Welt eraus fléien gelooss hunn.

Grouss Billerkaarten a Bicher (zBsp vum Ee zum Jippelchen, Päerd an säin Fillen, Kou an Källefchen etc.) hunn dëst Thema ergänzt.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Equipe Fanti
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

E Stéck Natur erfuerschen an entdecken:

  • ewéi Déieren ausgesinn
  • wei si heeschen an
  • ewéi si wuessen
Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Nombre d'enfants 15
Projet dont l'offerte fait partie Déieren
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Fir meng Mamma

Offre pédagogique

04.06.2018 - 08.06.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


Mir schenken der Mamma eng Sonneblumm, dei mir geplanzt hunn, an engem schéinen bemoolten Blummendëppen; daat war d’Idee.

Leider sinn e ganze Koup vun éisen Sonnenblummen dei mir an ésiem Gaart geséit hunn, verdrëschent. Iwwer ee laangen waarmen Weekend sinn dei jonk Blimmelcher verdrëschent. Daat ass immens schued, mai elo wessen mir waat Blummen brauchen fir ze liewen.

Dei Sonneblummen, dei iwwerliewt hunn, loossen mer léiwer raschten an am Gaart wuessen. Den André huet eisen Kanner frësch Blummen matbruecht fir kënnen ze verschënken.

Emsu eifreg hunn Kanner hier Blummendëppen bemolt, Biller an Kaarten gestalt. Iwer eng ganz Woch hunn mir des Aktivitéit emmer rem ugebueden, sou dass all Kand genuch Zäit an den Choix haat ob a weini et un sengem Kado wollt schaffen.

Kanner gestalten gären mat Faarwen, schmieren, hannerloossen hier Oofdrëck, mat Schwamm, Hänn asw. Mir hunn de Kanner Material zur Verfügung gestalt an sie maachen gelooss An enger gemitlecher Athmosphär, alleng oder zesummen mat der Edcuatrice/Educateur oder engem aanerern Kand sinn hei verschiddenst Blummendëppen a flott Gespreicher iwwert Mamma an villes méi entstaanen.

Mamma’en hunn sech allefall allgeguerten gefreed, a waren ganz houfreg.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Equipe Fanti
Nom du groupe Bei de Léiwen an Am Giraffenland
Âge 1-2 ans
2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Traditioun vum "Mammendaag,
wou all Kand senger Mamma ee selwer gebastelten Kaddo schenkt.
Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Nombre d'enfants 25
Projet dont l'offerte fait partie Am Gaart
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Créativité, art et esthétique
Sciences et techniques
Education plurilingue




Déieren

Projet pédagogique

04.06.2018 - 31.08.2018
publié par Carole Hamen
visible au public


„Kuscheldéierchen an den verschiddensten Faarwen a Formen ass oft mäin beschten Spillkomerod deen iwwerall mat dabei ass.

 Dobaussen summen, quaken, flatteren a krabbelen kleng Déiercher um Buedem, an der Loft oder bis op meng kleng Nues. Schwaarz, giel, rout, gréng, laang, deck, …  Ech well wessen: Wen nass dat? Vun wou kënnt en hier?

Op de Wisen begéinen ech Kéi, Schof a Päerd. Ech wëll déi kucken, richen a upaken.

Am Spill hopsen ech ewéi een Hues an trampelen ewéi een Elefant

Ech kann grommelen ewéi een Tiger an miauen ewéi eng kleng Kaatz.

Mam Plastilinn formen ech ee Schleek oder en Igel

 A mengem Billerbuch ass d’Mamma Int mat hiren klengen Inten ennerwee.

Op den Dag am Déierepark freeën ech mech ëmmer erëm.“

Thema Déieren spillt an der Liewenswelt vun de Kanner oft eng zentral Roll.

Déieren faszinéieren an begeeschteren di meeschte Kanner.

Si ginn eis an de Kanner esou vill verschidden Uläss fir d‘Welt ze entdecken                                  an dobäi ze léieren.
E puer Beispiller vun Ideen déi mir am Virraus zesummengesicht hunn:
- Situatiounen schaafen wou Kanner verschiddenen Déieren an hierem natierlechem Emfeld begéinen kënnen an beobachten, zBsp beim Spillen dobaussen, beim Spazéiergang ronderem d'Crèche, beim Schaafen an éisem Gaart.
- Wisou net och e puer exotesch Déieren mei noo kennenléieren mëttels engem Ausfluch an een Déierenoark an mat Spaanung erwaarden mir de Besuch vun enger Schlaang an Spann.
- Bicher, Lidder, Beweegungsspiller a Gespréichsronnen begleeden Kanner am Alldaag.



» Détails
Type Projet pédagogique
Responsable(s) Equipe Fanti
Nom du groupe Bei de Léiwen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Déieren an Insektenwelt entdecken.   
Am Fréijoer an am Summer begéinen mir villen Déieren an hirer natierlecher Ëmwelt an mir wäerten e puer Déieren méi no kenneléieren a schätzen léieren. ZBsp de Paiperlek

Déieren sinn ee wonnerbaren Ulass:
fir ze schwätzen
fir sech ze beweegen,
fir ze beobachten an erfuerschen
fir Sennesandrëck a Gefiller ze hannerloossen
fir Freed a Spaass ze hunn an zesummen eppes ze erliewen

Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Autres
Nombre d'enfants 15
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




first next last previous