FR DE

Recherche

Type:


Projet dont l'offerte fait partie:


Nom de la salle / du lieu:


Champs d'action (max.: 4):


Âge:


Mots-clés:


Rechercher

Journal de bord


Zesummen iwwert Bréck

Offre pédagogique

07.09.2018
publié par Danièle Raach
visible au public


Mer maachen ee wäiten Tour duerch de Bësch. Op enger Plaz musse mer ee géien Hiwwel erof, dann iwwert ee Bamstamm deen als Bréck iwwert enger klenger Baach läit an déi aner Säit nees en zimlech géien Hiwwel erop.
Eis Kanner si gewinnt am Bësch sou dass et hinnen ganz gutt geléngt, den Hiwwel erof ze kloteren.
Just ee Kand traut sech net direkt. Et ass sou schéin ze gesinn dass direkt 2 Kanner him hir Hand dohinner halen fir him ze hëllefen. Dëst geschitt ouni dass ech si dofir froen :-)
Ënnen ukomm musse mer iwwert Bréck. Ech soen de Kanner dass ech fir d'éischt eriwwer ginn fir ze kucken op de Bamstamm ( eis Bréck) net zevill wackelt. Dat ass ok.  Ech soen de Kanner als Uleedung dass si kënnen eleng driwwer goen oder awer sech Hëllef froen. Sou wéi si sech sécher spiren.
3 Kanner sinn ganz schnell driwwer.
1 geet schéi virsichteg a ganz lues awer ouni Hëllef.
déi 4 aner brauchen eng kleng Hëllefstellung. Ee Kand hëlt ee Bengel a setzt deen an d'Mëtt vun der Baach sou dass et sech kann ofstäipen. D'Kanner sichen no enger Léisung fir de Bengel zréck ze ginn dass déi aner och dervun kënne profitéieren.
Ee Kand hëlt d'Initiatiiv a reescht de Bengel op déi aner Säit. Dat 6. Kand kënnt och mat Hëllef vum Bengel eriwwer. Ee Kand geet elo mam Bengel zréck op déi aner Säit an gëtt de Bengel un dat nächst Kand weider. Dëst geet elo mat Hëllef vum Bengel ganz virsichteg driwwer. Op der anerer Säit steet ee Kand wat him d'Hand entgéintstreckt fir him ze hëllefen. Sou kommen déi 8 Kanner eriwwer. Si hunn dat ënnert sech geréiert. Si hunn Uleedungen ginn an sech esou géigesäiteg gehollef wéi mer am Alldag ëmmer versichen hinnen et virzeliewen. Ech stung déi ganzen Zäit op der Säit an hu beobacht wéi si dat gemaach hunn ouni mech anzebréngen well si hunn dat einfach super gemaach.
Och fir den Hiwwel erop hunn si sech d'Hand ginn oder e Bengel gereescht wou een sech konnt unhalen. Ech hunn hinnen gesot dass si all kënnen immens stolz op sech sinn dat esou gepackt ze hunn. Ee grousse BRAVO

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Danièle
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)
  • zesummen eppes packen
  • déi eegen Fäegkeeten aschätzen
  • eegen Grenzen akzeptéieren
  • Hëllefsbereetschaft entwécklen
  • Responsabilitéit iwwerhuelen
  • Zesummegehéiregkeetsgefill entwécklen
  • Léisungen fir Probleemer fannen
Nombre d'enfants 8
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie




Krabbeldéieren am Bëschbuedem entdecken

Offre pédagogique

15.06.2018
publié par Danièle Raach
visible au public


Mer maachen eis Kannerkonferenz am Bësch
Nodeems mer e puer Lidder gesongen hunn breeden ech ee wäisst Läinduch um Buedem aus.  D'Kanner huelen jidfereen ee Grapp voll Bëschbuedem mat Blieder, Bengelcher, Buedemgrimmelen a leeën dëst op dat wäisst Duch. 
Elo waarde mer ganz gespaant ob eppes geschitt.
D'Kanner si ganz opgereegt wéi se éischt Déiercher entdecken, déi um Duch krabblen.
Ech huelen eis Becherluppen a maachen iwwerall 1 oder 2 Déiercher dran  a soen de Kanner och wéi se heeschen...
Mer hunn kleng Spannen, Dausendféissler, Schwéngecher, Oureschlëffer,... entdeckt.
Si reeschen d'Dëppecher am Krees ronderem wann si een Dëppchen fäerdeg beobacht hunn. Ech widderhuelen och ëmmer rem d'Nimm vun den Déiercher an hir Mierkmaler. D'Kanner si ganz opmierksam an interesséiert a froen och ëmmer rem fir dat oder dëst Déierchen nachemol ze kucken.  Verschiddener widerhuelen sou och d'Nimm vun den Déiercher.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Danièle
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Déierewelt entdecken, a kenneléieren
Krabbeldéieren mat der Lupp beobachten
Kanner op d'Villfalt vun de klenge Liewewiesen am Buedem opmierksam maachen
Krabbeldéieren ënnerscheeden
Wuertschaz erweideren: Krabbeldéieren benennen
Nombre d'enfants 8
Champs d'action (max.: 4) Langue, communication et médias
Sciences et techniques




Naturfaarwen sichen/ selwer hierstellen an ee Bild dermatt molen

Offre pédagogique

12.06.2018
publié par Danièle Raach
visible au public


D' Kanner waren schonn déi lescht Wochen ganz interesséiert fir am Bësch ze molen, si hunn sech Blieder geholl an domadder op Bamscheiwen gemoolt. Si hunn och mat der Holzkuel gemoolt déi si font hunn op enger Feierplaz. mer hunn och schonn Steemiel hiergestallt andeems mer d'Steng géintenaner geriwwen hunn.
Si waren dobäi ëmmer immens engagéiert, a wollten dat ëmmer rem. dofir hu mer elo grouss Zeecheblieder mat an de Bësch geholl, fir Biller ze molen mat den Naturfaarwen.
Well et reent gi mer an "d'Schiedhaischen" wou mer Bänken Dësch an och en Daach hunn. D'Kanner sichen, Blieder, Bulli a Steng, Holzkuel hunn ech matgeholl.
De Bulli vermësche mer mat Waasser a klenge Schësselcher, d'Steemiel och.
D'Kanner probéieren d'Blieder tëschent de Fanger auszepressen.
Ech ginn all Kand een Zeecheblat an huele mer selwer och eent, ech  fänken un mäi Bild ze molen a benotzen all d'Faarwen, d'Kanner fänken och mat molen un, si huelen vu Faarf wat hinnen zouseet. Ech beschreiwen och all Geste deen ech maachen.
Et ass ganz flott ze gesinn wéi verschidden hir Biller ginn. Jidfereen moolt esou wéi et him gefällt. Mir fällt op dass jidfereen ganz konzentréiert ass op säi Bild. Si weisen ganz vill Ausdauer a sinn herno mega stolz op hir Wierker. Ech maachen och Fotoen vun hinnen beim Molen. Mer hänken dono d'Fotoen zesummen mat hire Konschtwierker an der Crèche op hirer Anhéicht op. D'Kanner sichen d'Plaz eraus wou d'Fotoen hänke kommen.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Danièle
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)
  • Fantasie a Kreativitéit entwécklen ( wéi eng Méiglechkeeten, bitt d'Natur eis fir Faarwen hierzestellen)
  • ausprobéieren an experimentéieren, wat hannerléisst wéi eng Spuren
  • ( Blieder tëschent den Hänn, Fangeren verreiwen-> gréng)
  • ( Buedem mat Waasser mëschen-> brong)
  • ( Steng widereneen reiwen-> Steemiel mat Waasser mëschen-> ergëtt Faarf vun de Steng ( wäiss, giel, rout,...)
  • ( Holzkuel-> schwaarz)
Nombre d'enfants 5
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Créativité, art et esthétique
Sciences et techniques




La ferme

Offre pédagogique

23.05.2018
publié par Isabelle Zucca
visible au public


- Avant l'activité, l'éducatrice a découpé des petits carrés de feutrines roses.
- L'éducatrice a disposé sur la table devant l'enfant, le cochon peint en rose.
- L'éducatrice a mis à disposition de l'enfant les morceaux de feutrine et un coton-tige.
- L'éducatrice demandait à l'enfant, où il voulait  coller la feutrine. Elle mettait alors quelques gouttes de colle à l'endroit où l'enfant montrait et l'enfant, parfois, utilisait le coton tige pour étaler la colle avant de mettre son morceau de feutrine ou collait directement la feutrine.
- L'activité s'est arrêtée quand l'enfant ne voulait plus coller.
- L'éducatrice a mis le cochon à sécher

Quand le cochon sera sec, il sera affiché à hauteur des enfants.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle
Âge 1-2 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - Utiliser et toucher différentes textures
- Développer la créativité et l'imagination chez l'enfant.
- Développer la motricité fine.
- Elargir le vocabulaire
- Prise en charge individuelle d'un enfant
Nombre d'enfants 1
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé




Chansons et histoire en français

Offre pédagogique

15.05.2018
publié par Isabelle Zucca
visible au public


- L'éducatrice et les enfants étaient assis sur une couverture dans le jardin.
- Pour commencer, l'éducatrice a chanté deux nouvelles chansons en français en rapport avec le papillon et l'arraignée accompagnée de marionnettes; "vole, vole, vole papillon" et "l'arraignée gipsy" puis à la demande des enfants l'éducatrice a chanté la chanson " crocodile".
- Ensuite l'éducatrice a proposé aux enfants de lire une histoire "Un petit trou dans une pomme" qu'ils ont accepté volontiers. C'est l'histoire d'une chenille qui après avoir grignoté dans plusieurs fruits et légumes se transforme en un joli papillon multicolore. 
- Chouette moment de partage et d'échanges entre les enfants et l'éducatrice.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - se familiariser avec le  français.
- Développer la concentration, la mémorisation, l'intéraction et la curiosité.
Nombre d'enfants 8
Projet dont l'offerte fait partie Plurilinguisme
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Education plurilingue




La ferme

Offre pédagogique

14.05.2018
publié par Isabelle Zucca
visible au public


Avant l'activité, l'éducatrice avait dessiné sur une grande feuille blanche épaisse, un cochon.

- L'éducatrice a habillé chaque enfant d'un vieux tee-shirt pour ne pas salir leur vêtements et  les laissant, ainsi, libres dans leur mouvement.
- L'éducatrice a présenté la feuille, face non déssinée, sur la table, aux enfants.
- L'éducatrice a mis à disposition des enfants de la peinture rose et des cotons-tiges.
- Les enfants ont peint librement sur la feuille, ils ont peint avec le coton-tige, le doigt ou les mains selon leur choix.
- L'éducatrice a mis à sécher la peinture.
- Quand la peinture était sèche, l'éducatrice a découpé le cochon.

La prochaine étape sera de coller de la feutrine sur le cochon avec les enfants.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle
Âge 1-2 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - Développer la créativité et l'imagination chez l'enfant
- Développer le langage
- Utiliser différents matériaux
- Développer la dextérité
- Développer les sens du toucher et de la vue
Nombre d'enfants 4
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé




Peinture

Offre pédagogique

07.05.2018
publié par Isabelle Zucca
visible au public


L'activité s'est déroulé dans le jardin car il faisait beau et pas trop chaud.

- L'éducatrice a disposé 3 feuilles blanches A3 épaisses sur une table en bois.
- L'éducatrice a habillé chaque enfant d'un vieux tee-shirt pour ne pas salir leur vêtements et  les laisser, ainsi, libres dans leurs mouvements.
- L'éducatrice a mis à disposition des enfants de la peinture jaune, blanche et verte.
- Les enfants ont peints avec leurs mains laissant apparaître de jolis dégradés rappelant la couleur des champs.
- L'éducatrice a mis à sécher les peintures.

Auparavant, les enfants avaient cueillis des fleurs dans les champs lors d'une promenade et l'éducatrice avait mis à sécher les fleurs.
La prochaine activité sera donc de laisser les enfants coller les fleurs séchées sur leur peinture selon leur imagination.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle Céline
Âge 1-2 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - Développer la créativité et l'imagination de l'enfant
- Développer la dextérité de l'enfant
- Développer les sens du toucher et de la vue
Nombre d'enfants 3
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé




Hiahiaho :-)

Offre pédagogique

02.05.2018
publié par
visible au public


Mir setzen eis all zesummen op d'Matten an sangen fir d'eischt ''Moie Kanner'' an dono ''Bonjour'' eis Begréissungslidder op lëtzebuergesch an op franséisch.
Mir weisen de Kanner de Bauerenhaff an huelen dann 1 Déier (z.B. Kou) eraus iwwert dat mir sangen. Mir sangen d'Lidd op lëtzebuergesch: "Um Bauerenhaff vum Bauer Franz, hiahiaho..." an weisen dobäi Déier iwwert dat mir sangen. Dono sangen mer d'Lidd op franséisch "Dans la ferme à Mathurin, hiahiaho...". Sou sangen mer dann ofwiesselnd an deenen 2 Sproochen. All Kand kann eng Kéier en Déier unhalen wärend mir sangen, an soll dann wann d'Lidd fäerdeg ass d'Déier un dat nächst Kand weiderginn, an rem säin Tour ofwaarden. Mir sangen iwwert all Déier wat mer hunn vum Bauerenhaff a maachen wärend dem Sangen och d'Geräisch no wat d'Déier mécht. Wann mir iwwert all Déier gesongen hun, raumen mir Déieren rem zesummen mat de Kanner an den Bauerenhaff.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle, Christelle
Âge 1-2 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - Lidd op franséisch an op lëtzebuergesch héieren
- probéieren matzesangen, Wierder nozesoen
- säin Tour ofwaarden, bis een d'Déier kann huelen
- selwer entscheeden op een en Déier well huelen
- Déieren an hir Geräischer kenne léieren an imitéieren
Nombre d'enfants 4
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Education plurilingue




Natur entdecken

Offre pédagogique

02.05.2018
publié par
visible au public


Mir ginn mat de Kanner an d'Garage, hëllefen hinnen sech unzedoen a ginn dann eraus. Mir huelen déi 2 méi kleng Kanner am Weenchen mat, 1 hält hannen den Weenchen un an déi aner 2 ginn engem vun eis eng Hand. Mir gin laanscht d'Strooss bis bei de Feldwee, wou mir och schonn direkt d'Kéi gesinn dei ganz no beim Drot stinn. D'Kanner beobachten d'Kéi  a probéieren och  dann selwer  "Kéi/Kou"  ze soen, oder mir soen hinnen et, an maachen dann och d'Geräisch no. All déi Kanner déi lafen kënnen,  trëppelen zufouss iwwert de Feldwee. Mir gesinn een Trakter deen och fir d'Kanner ee ganz motivéirenden Gespréichsulass ass.  Mir  gi nach e Stéck weider bis mir bei enger grousser Wiss sinn . Do huele mir dat Kand wat krabbelt aus dem Weenchen a sëtzen et an d'Wiss dass et ka    spiren  wéi de Buedem an d'Gras sech ufillen  an  fir ze krabblen.  
Da weise mir  de Kanner dass si Blumme kënne plécken an erklären hinnen dass si déi kënnen an de Weenchen leeën, fir se dann mat an d'Crèche ze huelen fir spéider eppes domat ze bastelen. D'Kanner kënnen selwer probéieren d'Blummen ze gräifen an ze plécken.
Mer begéinen  och nach enger Fra mat 2 Hënn, déi d'Kanner sech ganz interesséiert ukucken.  D'Kanner  lafen, trëpplen oder krabblen an si entdecken  mat freed a Begeeschterung eis faszinéierend  Emwelt, bis mir eis rem op de Wee machen fir zréck an d'Crèche.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle, Christelle
Âge 1-2 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - sech fräi beweegen um Feldwee, trëppelen, lafen, krabbelen (Motorik)
- Kéi an der Wiss beobachten, se eventuell benennen an hiert Geräisch nomaachen
- Blummen gräifen (plécken) an sammlen fir se mat an Crèche ze huelen (Feinmotorik)
- Emwelt  an d'Emfeld an deem mer grad sinn wouerhuelen a mat alle Sënner entdecken
Nombre d'enfants 5
Champs d'action (max.: 4) Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques




La ferme:

Offre pédagogique

27.04.2018
publié par Isabelle Zucca
visible au public


- Avant l'activité, l'éducatrice avait dessiné un mouton sur une feuille blanche cartonnée et l'avait découpé.
- Pendant l'activité, l'éducatrice a disposé sur la table le mouton, tube de colle, des boules de cotons et des disques de cotons.
- Les enfants étaient libres de prendre le tube de colle, de coller des boules de cotons et les disques de cotons.
- Pendant l'activité, certains enfants préferaient toucher le coton, d'autres préferaient utiliser le tube de colle et d'autres coller le coton.
- Après l'activité, l'éducatrice a collé le mouton sur une feuille jaune cartonnée et l'a accroché à la vue des enfants.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle/Christelle
Âge 1-2 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - Utiliser et toucher différentes textures
- Développer la créativité
- Développer la motricité fine.
- Apprendre de nouveaux mots
Nombre d'enfants 4
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé




first previous last previous