FR DE

Recherche

Type:


Projet dont l'offerte fait partie:


Nom de la salle / du lieu:


Champs d'action (max.: 4):


Âge:


Mots-clés:


Rechercher

Journal de bord


Habiller/déshabiller

Offre pédagogique

13.03.2018
publié par Isabelle Zucca
visible au public


L'éducatrice et les enfants étaient assis, chacun sur un coussin, formant un cercle.

Tout d'abord, l'éducatrice a lu aux enfants deux histoires en français; "Mes habits préférés" et "1,2,3 j'enlève tout!"

Ensuite,l'éducatrice a présenté aux enfants 5 poupées habillées et plusieurs vêtements tout en les nommant un à un en français.

L'éducatrice a déshabillé et rhabillé une poupée devant les enfants.

Puis, les enfants ont essayé, par eux-même, d'habiller les poupées en choississant les vêtements.

L'éducatrice accompagnait, encourageait et aidait les enfants.

Certains enfants essayaient de mettre les vêtements sur eux-même.

Chaque enfant a participé activement à cette activité

L'éducatrice a parlé en français pendant toute l'activité.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - Developper l'autonomie de l'enfant.
- Apprendre à s'habiller et se déshabiller de façon ludique.
- Familiarisation avec la langue française: Developper la langue française et sa compréhension.
- Favoriser le partage, la convivialité et la sociabilité.
Nombre d'enfants 5
Projet dont l'offerte fait partie Plurilinguisme
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Education plurilingue




Apprentissage d'une nouvelle chanson

Offre pédagogique

12.03.2018
publié par Jessica Martins
visible au public


Nous sommes en train d'apprendre une nouvelle chanson en français, en rapport avec les bois mais aussi notre thème s'habiller/ se déshabiller. La chanson s'intitule: "Promenons-nous dans les bois. " Les enfants ont entendu la chanson pour la première fois dans notre " Kannerkonferenz". Nous l'avons écouté deux ou trois fois sur Youtube avant de commencer à la chanter. Dès le début certains essayaient de faire les gestes avec. Puis nous avons essayé de la chanter plusieurs fois tous ensemble avec les gestes mais aussi en montrant chaque vêtement que le loup met.( Ex. Je mets mon pantalon: on montre le pantalon et on fait semblant qu'on essaie de le mettre) Je pense vraiment que les enfants apprécient cette chanson car depuis ils la redemandent souvent. Même quand on va en promenade dans les bois, ils demandent qu'on la chante et ils se mettent à chercher le loup. Comme la chanson est encore très récente, nous la chantons lors de notre " Kannerkonferenz" ou " Oweskonferenz", pour que tous les enfants aient la chance de la connaitre. Cela permet aux enfants de se familiariser avec la langue française tout en s'amusant et avec des gestes explicatifs.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Jessica
Âge 1-2 ans
2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) L'objectif principal de cette chanson est la familiarisation avec le Français. Car cette chanson existe aussi en luxembourgeois mais nous avons volontairement décidé de la faire en français.
L'objectif est que les enfants entendent les mots se rapportant à notre thème: "Habiller/ déshabiller" aussi en français. Nous aimerions que les enfants aient du plaisir avec la langue française. C'est un moyen (pour ceux qui le veulent) d'apprendre en s'amusant.
Nombre d'enfants 6
Projet dont l'offerte fait partie Plurilinguisme
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Education plurilingue




wat léist sech am Waasser op?

Offre pédagogique

07.03.2018
publié par Jessica Martins
visible au public


Mir sëtzen eis ronderem ee Plateau wou 5 Waasserglieser a 5 Schësselcher mat Miel, Salz, Zocker, Räis an Téi drop stinn. Ech erklären a weisen de Kanner  fir d'éischt alles. Dono huele mir all Zutat duerch. D'Kanner richen déi a wann sie wëllen kënnen sie och d'Salz, d'Zocker an d'Miel schmaachen. (Téi richen an den Räis eng kéier fillen). 
Ech weisen hinnen et eng kéier fir andeems ech hinnen och Froen stellen. z.B.: Wat geschitt wann ech bëssi Salz an d'Waasser réieren? Gesäit een dann nach d' Salz am Waasser oder ass et ganz fort ? An sou maachen ech dat mat allem wat um Plateau läit. 
Dono kënnen sie dat all selwer ausprobéieren. Et ass immens flott well heinsdo soen sie eppes wat net stëmmt mee andeems si et dann ausprobéieren verbesseren sie sech selwer.
Fir déi 1-2järeg déi dobäi sinn besteet d'Erausfuederung éischter doran ze probéieren ganz konzentréiert Zutaten an d'Glas ze fëllen mam Leffel ouni dass eppes dernieft fällt, wéi erauszefannen wat beim Vermëschen vun den Zutaten geschitt. 
D'Kanner froen fir nach an nach ze probéieren. No puer kéieren brauch ech guer näicht méi ze soen. Si froen sech geigesäiteg an ginn sech d'Saachen weider ouni dass ech eppes soen. Dëst Experiment wäert ech hinnen nach mol proposéieren.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Jessica
Âge 1-2 ans
2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - experimentéieren a fuerschen: selwer erausfannen wat passéiert wann verschidden Substanzen  matenaner vermëscht ginn ( léisen se sech op? vermëschen se sech?...)
- sech bewoosst ginn dass net alles selwecht mam Waasser reagéiert
- Wuertschaz erweideren( z.B. : Léist sech op,...)
- Geschécklechkeet a Feinmotorik fërderen ( Zutaten mam Leffel an d'Waasser riselen loossen)
- Zesummen schaffen
- deelen
- säin Tour ofwaarden
- Spaass hunn
Nombre d'enfants 6
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques




Krukerten

Offre pédagogique

07.03.2018
publié par
visible au public


Mir maachen eng Kannerkonferenz zum Thema Hoergänsen, well mer zwee Deeg virdrun an all Himmelsrichtung Hoergänse gesinn an héieren hunn. Den Dag virdrun hu mer zesummen d'Geschicht vun der Gäns Lili gezielt, déi am Hierscht an de Süden flitt. 
Mir fänke mat eisem Begréissungslidd un a sangen duerno nach dräi Lidder.
Ech leeden d'Thema an andeem ech d'Kanner froen, ob si sech drun erënneren, datt mer viru puer Deeg jo dobaussen ganz vill Vigel um Himmel gesinn an héieren hunn Si kënne sech deelweis drun erënneren. Ech froen, ob si nach wëssen, wéi déi heeschen. Well si den Numm net méi wëssen, soen ech hinnen datt déi Vigel Krukerten oder Hoergänsen heeschen. Ech weisen hinnen dozou eng Foto, op der een se vun No gesäit. Ech froen, ob si wëssen, vu wou déi elo kommen, wou déi waren. Si kommen net drop, dofir erklären ech, dat déi fortgeflunn sin, ganz wäit fort, wéi et hei ugefaang huet kal ze gin. Si ginn an Länner wou et waarm as a wou si eppes ze friesse fannen. Dat as wann den Hierscht ufänkt, dëst erklären ech mat Hëllef vum Kalenner. Dann, wann d'Fréijoër bei eis ufänkt, ech weisen op de Kalenner an déi dräi Méint vum Fréijoër, komme se zréck geflunn. Ech weisen de Kanner verschidde Biller dozou, froe, wéieng Faarwen se hun. Och Biller vu Jongdéieren, déi si brong iwwert de Kapp an iwwert de Réck. Ech erklären, wou si hir Näschter bauen (do, wou et fiicht as) an aus wat (Rechter vu Planzen). Ech weisen hinnen dräi verschidde Fotoën vun engem Nascht mat oder ouni Vugel oder Ee. Ech soen de Kanner och, datt se nëmmen zwee bis dräi Eeër leeën. Ech weisen hinnen och d'Fotoë vun de Jippelcher. Ech froen, ob si da vläit wëssen, wien dem Krukert seng Feinde sin. Ech gin hinnen Tipps a froën no Bëschdéieren. Mir kommen zesummen op de Fuuss, d'Wëldschwäin an de Kueb a kucken d'Biller dovun.  Mee och de Mënsch as ee Feind. Ech weisen hinne mat Gesten, dat d'Krukerten och zimlech grouss sin, bis 1,20 m. An d'Fliléken si mega laang, dozou weisen ech hinnen eng Foto. Ech hun och nach eng Foto dobäi fir hinnen ze weisen, wéi a wou d' Krukerte schlofen, si siche sech eng Plaz um Waasser, wou se sech all dicht beienee sëtzen, fir sech virum Feind ze schützen. Mir kucken nach Biller vun de Formatiounen, déi si um Himmel maachen, si bilden ëmmer eng Spëtzt an ee flitt vir. D'Kanner si bei allem mega opmierksam a begeeschtert. Si stelle Froen, schwätze mat, erkennen Detailer op de Fotoën. Mir schléissen d'Kannerkonferenz of, andeem mer eis virhuelen, elo wa mer raus ginn an déi nächst Deeg opzepassen, ob mer nach Krukerte gesinn.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Vanessa
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) -Allgemengwëssen fërderen
-d'Natur méi no bréngen
-Verständnis fir d'Liewensart vun anere Liewewiesen
-Alldagssituatiounen erfaassen an doriwwer schwätzen
Sozialkompetenz:
-nolauschteren, ausschwätze loossen
Personalkompetenz:
-sech um Gespréich bedeelegen
-säi Wëssen abréngen
Sprooch
-Wuertschazerweiderung
-sech verständlech ausdrécken
Nombre d'enfants 7
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias




Faawegen Raséierschaum

Offre pédagogique

07.03.2018
publié par
visible au public


Mir erklären de Kanner mat Gesten an mat Wierder dass mir rop ginn fir an der Piscine mat Schaum ze spillen. Dei Kanner dei wellen kënnen Trapen selwer rop klammen an dono och rem rof, dei aner huelen mir um Aarm mat erop. An der Puddelhiel kënnen d'Kanner probéieren sech selwer auszedoen. Sie kréien eng Schwammpampers un an ech weisen hinnen wéi ech de Schaum an Schosselen maachen, Faarf dobäi maachen an dat vermëschen.

Ech stellen d'Schosselen an d'Piscine an si kënnen dann raklammen wann si wëllen. Si huelen sech Schaum aus enger Schossel wou si wëllen an kënnen ufänken mam Schaum op de Buedem ze molen, op sech selwer oder op en anert Kand wann dat domat averstan ass. Doduerch dass si de Schaum upaken fannen si eraus op en sech mëll oder haart ufillt. Si wielen wéi eng Faarf Schaum si huelen, an si kënnen se och mëschen. Während si mam Schaum spillen erklären mir hinnen dass dat Schaum ass, an wéi hier eenzel Kierperdeeler heeschen déi si umolen. Wann si wëllen kënnen si d'Wieder widerhuelen. Wa keen Schaum méi an de Schosselen ass maachen mir Waasser dobäi si kënnen nach domat spillen. Si fannen eraus dass sech de Schaum duerch d'Waasser vun hirer Haut an vum Buedem léist. Wa mir mierken dass hiren Interessi noléist oder wann et Zait ass, duschen mir sie of an hëllefen hinnen sech erem unzedoen.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle, Christelle
Âge 1-2 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - d'Kanner kënnen Trapen selwer rop an rof klammen, wann sie sech dat zoutrauen
- probéieren selwer auszedoen
- sie entscheeden selwer op sie wëllen an d'Piscine klammen a mam Schaum spilllen
- sie kënnen de Schaum upaken an erausfannen wéi en sech op der Haut ufillt
- sie kënnen mam Schaum op de Buedem molen, op sech selwer oder op aner Kanner, wann déi averstan sin
- sie léieren nei Wierder kënnen an probéieren se nozesoen
- duerch d'Umolen vun hirem Kierper kënnen se deen mei bewosst wouerhuelen
- sie sollen Spaass hun während der Aktivitéit
-Familiarisatioun mat der franséicher Sprooch ( d'Isabelle schwätzt franséich)
Nombre d'enfants 5
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Education plurilingue




Peinture

Offre pédagogique

05.03.2018 - 05.03.2018
publié par Isabelle Zucca
visible au public


- l'éducatrice avait posé 4 feuilles blanches A3 sur la table. ( Une pour chaque enfant)
- Les enfants avaient à disposition des crayons de couleurs jaunes, orange, vert clair et vert foncé en thème avec le printemps et des éponges humides
- L'éducatrice montre à l'enfant comment tapoter sur la feuille avec l'éponge humide.
- Les enfants ont dessiné librement et 3 enfants ont frotté leur dessin avec l'éponge humide, ce qui a mélangé les couleurs avec un effet printanier.
D'abord les enfants sont restés auprès de "leur" feuille, ensuite ils ont commencé à tourner autour de la table, les enfants étant debout devant leurs oeuvres pour avoir plus de possibilités de bouger.
L'activité se déroulait en présence de 2 éducatrices dont l'une donnait les consignes et les explications en français tandis que la deuxième  pratiquait le luxembourgeois.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Isabelle
Âge 1-2 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - Developper la créativité de l'enfant
- Stimuler les 2 sens; la vue et le toucher
- Developper la dextérité de la main.
- Favoriser la concentration
- Favoriser le partage
- Familiarisation avec la langue française
- Différencier les deux langues qui sont utilisées par deux personnes différentes
Nombre d'enfants 4
Projet dont l'offerte fait partie Plurilinguisme
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue




Elterewochen/ Elteremount

Projet pédagogique

05.03.2018
publié par Danièle Raach
visible au public


  • Eis Idee ass et 4 mol am Joer an zwar während all Joreszäit eng Kéier während engem ganzen Mount den Elteren d'Méiglechkeet ze ginn zesummen eppes mat de Kanner an eis entweder an der Draachemailchen oder bei hinnen doheem oder wou och ëmmer ze organiséieren.
  • Mer hunn hei keng bestëmmte Virstellung, dat kann vun allem sinn an alle Beräicher.
  • D'Elteren kënnen an d'Draachemailchen kommen an mat de Kanner zesummen eppes maachen: 
  • Baken
  • Kachen
  • de Kanner eng Geschicht erzielen
  • mat eis an de Bësch goen
  • mat eis op den Airtramp goen
  • mat de Kanner an eisem Geméisgaart schaffen
  • zesumme mat de Kanner Musek maachen
  • mat de Kanner seeën, schneiden, hummeren,...
  • si kënnen eis och gären bei sech heem invitéieren fir eis do eppes ze weisen
  • Dat sinn just e puer Méiglechkeeten, mer freeën eis op d'Ideeën vun den Elteren  :-)
  • Der Phantasie sinn hei keng Grenzen gesat, wichteg ass et zesummen eppes flottes ze erliewen
  • Eisen 1. Elteremount ass elo den Abrëll
  • D'Elteren ginn doriwwer per Mail, an der Kaffishiel an och nach am Alldag wann se d'Kanner bréngen a siche kommen informéiert.
  • D'Elteren déi motivéiert sinn matzemaachen, deelen eis en Datum mat an informéieren eis wat si wëllen ubidden. Detailer organiséieren mer dann zesummen.


» Détails
Type Projet pédagogique
Responsable(s) eist ganzt Team
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)
  • D'Elteren nach méi an eisen Alldag mat abezéien.
  • D'Kanner fillen sech wuel wann se erliewen dass eng partnerschaftlech, häerzlech an wertschätzend Relatioun tëschent hiren Elteren an hire Bezugspersounen an der Draachemailchen besteet.
  • D'Kanner  sinn houfreg, wann hir Elteren eis eppes weisen oder virféieren
  • D'Elteren sinn houfreg hire Kanner an all den aneren Kanner ze "weisen" wat hinne wichteg ass a wat si gären maachen
Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Autres
Autres partenaires nach festzeleeën
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Education plurilingue
Inclusion




Kaffishiel: Presentatioun vun den Elterewochen

Offre pédagogique

05.03.2018
publié par Danièle Raach
visible au public


An der Kaffishiel weise mer den Elteren an de Kanner wéi ëmmer d'Fotoen vun den Aktivitéiten déi mer an deem Mount gemaach hunn.
Ausserdeem weise mer den Elteren an och de Kanner natierlech  kleng Videosequenzen vun eisen Aktivitéiten. Mat dësem Hëllefsmëttel kënnen d'Elteren gesinn wéi mer versichen am Draachemailchen Alldag eist Konzept ëmzesetzen.
An dëser Kaffishiel speziell erziele mer den Elteren iwwert eise Projet " Elterewochen"
Mer invitéieren d'Elteren an d'Draachemailchen fir eppes zesummen mat de Kanner an eis ze ënnerhuelen. Mer erklären den Elteren wéi mer eis dat virstellen an dass mer ganz flexibel sinn an eis op hir Virschléi freeën.
Wichteg ass et eis och den Elteren ze soen, dass et op fräiwëlleger Basis ass, keen sollt eppes maachen just well e mengt dass e muss. 
Et kommen schonn direkt e puer ganz flott Virschléi vun den Elteren :-)))


» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Danièle Raach/ Jessica Martins
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)
  • D'Elteren nach méi an den Alldag vun der Draachemailchen mat abezéien
  • Den Elteren an enger gemitlecher Atmosphär Detailer iwwert de Projet erzielen.
  • D'Elteren fir d'Idee motivéieren a begeeschteren




Orientéierung an der Zäit

Projet pédagogique

01.03.2018
publié par Danièle Raach
visible au public


Mer hun 2 Kalenneren déi ëmmer op Anhéicht vun de Kanner hänken

den 1. Kalenner weist eng Joreszäit mat de jeeweilegen 3  Méint a matt den eenzelnen Deeg
D'Deeg hunn hei déi selwëscht Faarf wéi um Dageskalenner. 
D'Gebuertsdeeg vun de Kanner sin duergestallt mat der Foto vum Kand wat deen Dag Gebuertsdag huet
D'Kaffishiel ass agezeechent
aner "Extra"Datumer sinn och vermierkt: Mammendag, Pappendag,...
1 Punkt kennzeechent ëmmer den Dag vun haut
De Kalenner gëtt verschéinert mat Saachen déi mer an der Natur an der jeeweileger Joreszäit fannen. ( gedréchent Blumen, Knospen, Blieder, asw...)

den 2. Kalenner variéiert all Dag. en stellt den Dag vun haut duer
hei stelle mer den Dagesoflaf a Form vu Piktogrammen duer:
Fotoen vun de Gruppesäll
Fotoen vum Hänn an Zänn wäschen
Fotoen vum Iessen vun deem Dag
Fotoen vun den Aktivitéiten
Piktogrammer vum Wieder
Piktogrammer vun den dem Wieder ugepassten Kleeder déi mer haut undoen wa mer eraus ginn
Foto vum Kand wat Gebuertsdag huet
Foto vun der Kaffishiel, asw... also alles wat op dem Dag vun haut an der Draachemailchen geschitt

Dësen Dageskalenner hänke mer all Moien zesummen mat de Kanner op, nodeems mer déi entspriechend Fotoen a Piktogrammer zesummen mat de Kanner  drop gepecht hunn

» Détails
Type Projet pédagogique
Responsable(s) Team vun den Groussen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Orientéierung an der Zäit
Familiariséierung mat zäitlechen Begrëffer:
-Wochendeeg
-Méint
-Joreszäiten
-gëschter, haut, muar...
-elo, dono, virdrun, vir d'éischt, an dann...
-sech an der Zäit situéieren
Erweiderung vum Wuertschaz: zäitlech Begrëffer verstoen, zouuerdnen, benotzen
Visualiséierung vum Dagesoflaf soll de Kanner Sécherheet a Gebuergenheet ginn, well den Oflaf fir si vorhersehbar ass, si wëssen wat geschitt a kënnen selwer och matbestëmmen woubäi si wëlle matmaachen




Fréijoerskalenner

Offre pédagogique

26.02.2018 - 31.05.2018
publié par Jessica Martins
visible au public


Mir hunn fir d'Kanner an och mat de Kanner e neien Fréijoerskalenner hirgestallt. Mir wollten et fir d'Kanner méi iwwersichtlech maachen mat den Joreszäiten an awer och wat an den verschiddene Méint geschitt ( Gebuerstdag, Kaffishiel, Congé,...). Mir hunn dofir e schéint Fréijorsplakat gemoolt. D'Kanner molen dat mat décken Bläistëftsfaarwen wou sie dono mam Schwamm driwwer fueren fir et iwwert ganzt Blat ze verschmieren. Si hunn mat gréng, orange an giel gemoolt. Dono hu mir dat während puer Deeg gutt dréchne gelooss. Dono hëllefen d'Kanner d'Bustawen drop ze pechen. Dat war wierklech net sou einfach well dat eng Prezisiouns Aufgab war. Si hunn och nach gehollef déi verschidden Méint drop ze pechen. (Mir haten déi am viraus schonn préparéiert an plastifizéiert). Mir hunn fir déi verschidden Méint genau déi selwecht Faarwen benotzt wéi fir eisen Alldagskalenner. ( Méinden=blo, Dënsden= gréng, Mëttwoch=giel, Donnesden=rout an Fréiden= brong)

Mir wëllen och nach verschiddenes ob dat Plakat pechen. Saachen déi mir am Bësch fannen resp. an der Natur déi zum Fréijoer passen, z.B. Blummen oder Äscht mat Knospen drun,...

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Team vun den Groussen
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) - déi verschidden Joreszäiten kënnneléieren
- wéi eng Méint passen zu deene Joreszäiten
- Spaass hunn
- zesummen eppes maachen
- hëllefen dass si sech an der Zäit rem fannen; wéini ass wat; dauert et nach laang resp. wou sinn mir lo am Mount (Ufank, Mëtt, Schluss)
Projet dont l'offerte fait partie Orientéierung an der Zäit
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques




first next last previous