Crèche Draachemailchen| Typ | Zusammenarbeit mit den Eltern/Erziehungsberechtigten |
| Verantwortliche(r) | Christelle/ Dan / Vanessa |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) |
|
| Aktive Teilnahme der Kinder / Eltern | Kanner si ganz begeeschtert d'Fotoen ze kucken vun deem wat si gemaach hunn D'Kanner freeën sech immens wann hir Elteren kommen an si kënnen dann nach weider do spillen D'Elteren sinn ganz interesséiert un de Fotoen, um Gespréich ënnerteneen an och un den Info'en déi si vun eis proposéiert kréien... |
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | all d'Mattaarbechter |
| Gruppenname | all Kanner |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) | Valorisatioun vun de Familiesproochen Respekt a Wäertschätzen vun de verschiddenen Kulturen |
| Kooperationspartner | Eltern(teil) |
| Projekt dem das Angebot angehört | Plurilinguisme |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Emotionen, soziale Beziehungen Werteorientierung, Demokratie, Partizipation Sprache, Kommunikation, Medien Plurilinguale Bildung Inklusion |
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Dan, Christelle |
| Alter | 1-2 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) | - sain Kierper mei bewosst kennenléieren an wouer huelen - Faarf um Kierper spieren - sech mat Faarf areiwen sou wei een wëll - kucken wat mat der Faarf geschitt wann Waasser dobäi kënnt - Spaass hunn um Experimentéieren mat der Faarf |
| Anzahl der Kinder | 6 |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Kreativität, Kunst, Kultur Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit Umwelt, Naturwissenschaften, Technik |
| Typ | Zusammenarbeit mit den Eltern/Erziehungsberechtigten |
| Verantwortliche(r) | Danièle Raach |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) | Valorisatioun a Respekt vun de Gefiller vun den Elteren Eeschthuelen vun hiren eventuellen Ängschten. Transparenz wat eist Schaffen ugeet. |
| Projekt dem das Angebot angehört | Plurilinguisme |
| Aktive Teilnahme der Kinder / Eltern | Elteren kënnen de Questionnaire anonym ausfëllen an an eis Postkëscht bei der Dir werfen. |
| Typ | Zusammenarbeit mit den Eltern/Erziehungsberechtigten |
| Verantwortliche(r) | Danièle Raach |
| Alter | 0-1 Jahre 1-2 Jahre 2-3 Jahre 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) | Elterepartnerschaft : Zesummenaarbecht erweideren Elteren respektéieren a mat abezéien |
| Kooperationspartner | Eltern(teil) |
| Aktive Teilnahme der Kinder / Eltern | D'Elteren tauschen sech mat aneren Elteren aus. D'Elteren ginn eis hire Feedback zu de Fotoen an / oder stellen Froen |

Ech weisen de Kanner d'Buch. Ech liesen hinnen den Titel fir an erklären hinnen dass ech hinnen d’Geschicht ob franséich wäert erzielen. Ech hunn hinnen d'Geschicht virgelies mat ganz villen Gesten an ëmmer rem op d'Biller gewisen. Heinsdo och een oder dat anert ob Lëtzebuergesch gesot. Sie waren mega opmierksam an hunn ganz roueg nogelauschtert.
03/10/2017
Mir sangen verschidden Äppel-Lidder an der Oweskonferenz an ech froen d’Kanner wat sie lo wëllen machen. Sie äntweren dass si d'Geschicht mam Apel wëllen. Ech ginn déi selwecht Geschicht sichen wéi den Dag virdrun mee dës Kéier huelen ech mir nach 1 Apel dobäi. Alles wat mam Apel an der Geschicht geschitt spillen ech no mam Apel. All Wuert ob Franséich gëtt mat engem Gest erkläert an betount. D’Kanner fänken un Wieder nozesoen an Gesten nozemaachen. Sie froen d’Geschicht souguer nach eng Kéier.
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Jess |
| Alter | 2-3 Jahre 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) | - nei Sprooch fir d'éischt héieren -Bedeitung vun verschidden Wieder verstoen -zesummen eppes neies entdecken - et soll Spaass maachen eng Geschicht an enger friemer Sprooch ze héieren - hinnen Loscht ginn déi Sprooch ze héieren |
| Projekt dem das Angebot angehört | Plurilinguisme |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Emotionen, soziale Beziehungen Werteorientierung, Demokratie, Partizipation Sprache, Kommunikation, Medien Plurilinguale Bildung |
| Typ | Pädagogisches Projekt |
| Verantwortliche(r) | Danièle Raach |
| Alter | 2-3 Jahre 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) | seng Fäegkeeten realistesch aschätzen kleng Probleemer selwer léisen Léisungen sichen: wat maachen ech wann et mer kal ass, wat maachen ech wann et mer waarm ass,... Orientéierung am Raum: wou ass uewen, ënnen; Grenzen aschätzen-> bis wouhinner reecht mäi Bengel, wéi wäit muss ech sprangen fir iwwert Baach ze kommen, wéi héich ass de Bamstamm, wéi déif muss ech mech bécken fir ënnert dem Bam erduerch ze krauchen... erliewen dass een zesummen eppes packe kann wat eleng onméiglech ass:
Ëmwelt mat alle Sënner erliewen: Eegeschaften vun de Naturmaterialien fillen Naturgeräischer lauschteren an zouuerdnen Natur richen ( Moos, Blummen, Blieder, Buedem,...) Beobachten wat alles ronderem passéiert: Kleng Déieren, Verännerungen vun de Beem, Blieder,Buedem,... Kreativitéit a Fantasie entwécklen Mat Naturmaterialien bauen, konstruéieren, leeën,... Rollespiller Naturmaterialien nei definéieren,... Feinmotoresch Fäegkeeten üben; mam Messer schnitzen,... mam Hummer klappen, zesumme bannen,... naturwëssenschaftlech Fäegkeeten begräifen, Waasser-> Äis, wéini ass de Buedem dréchen an haart? Moossen vun Materialien, wéi sinn d'Bengelen, d'Steng? ( grouss, kleng, laang kuurz, déck dënn,...) |
| Kooperationspartner | Andere |
| Andere Partner | De Fieschter, d'Bëschaarbechter, d'Leit déi am Bësch spadséiere ginn |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Emotionen, soziale Beziehungen Werteorientierung, Demokratie, Partizipation Sprache, Kommunikation, Medien Kreativität, Kunst, Kultur Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit Umwelt, Naturwissenschaften, Technik Plurilinguale Bildung Inklusion |
All Kand kritt e Këssen. Si verdeelen sech mat hirem Këssen duerch déi ganz Wibbelhiel. All Kand soll genuch Plaz hunn.Mir maachen d’Aktivitéit fir unzefänken ob Lëtzebuergesch. Ech weisen hinnen et fir. «D’Hand ob d' Këssen» soen ech an maachen et och fir. Wann ech bis mierken dass si d’Spill verstan hunn fänken ech un d’Instructiounen ob Franséich ze ginn. «La main sur le coussin », ech weisen hinnen et fir an widderhuelen et puer mol mat ganz villen Gesten an weisen op d’Saachen. Wann ech z.B. «coussin» soen weisen ech och ob d’Këssen.
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Jess |
| Alter | 2-3 Jahre 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) | Sprooch : - eng aner Sprooch héieren - wéi kléngt Franséich Cognitiv : - Kieperdeeler ob Franséich héieren - Wuert mam Kieperdeel verknüpfen - déi passend Beweegung maachen Sozial: - deen aneren respektéiren - jiddereen huet säin Këssen |
| Projekt dem das Angebot angehört | Plurilinguisme |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Emotionen, soziale Beziehungen Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit Plurilinguale Bildung |