Crèche FantiWas ist spurlose Malerei? Man nimmt ein dickes Blatt Papier und macht verschiedene Farbekleckse darauf . Das „bekleckste“ Blatt tut man in eine Folie.
Ich setze die Kinder, welche Neugierde an dem Angebot zeigen an den Tisch und gebe jedem Kind ein vorbereitetes Blatt.
Die Kinder drücken, reiben und klatschen mit Fingern und Handflächen auf die Farbklekse.
Manches Kind ist sichtlich erstaunt, dass die Farbklekse keine Spuren an den Händen hinterließen
Mit Freude und Hingabe „malen“ die Kleinen, verwischen und mischen neue Farben.
Währenddessen begleite ich die Tätigkeiten der Kinder sprachlich und benenne die Farben.
Die entstandenen kleinen Kunstwerke dekorieren nach dem Trocknen unseren Raum.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Jason |
| Nom du groupe | Am Giraffenland |
| Âge | 0-1 ans 1-2 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | Das Thema der Farbenwelt begleitet uns ständig. Spurlose Malerei, ein Angebot: das die Neugierde und Begeisterung der Kinder anregt, wo die Kinder erleben wie neue Farben entstehen. |
| Nombre d'enfants | 5 |
| Champs d'action (max.: 4) | Valeurs, participation et démocratie Langue, communication et médias Créativité, art et esthétique Mouvement, conscience corporelle et santé Sciences et techniques |
Den Openthaltsraum vum Grupp bei de Léiwen gliddert sech an verschidden Spillberäicher. Iwwersichtlech Spillsaachen an verschidden Materialien déi Kanner uspriechen fir, dass all Kand dat fënnt wat et brauch. Hei ass een Beispill vun engem Moien während dem Fräispille. All Kand entscheet selwer mat wiem an mat wat et spillt:
L. stécht Baukastestécker aneneen. Den R. an den P. kucken him no. „Ech maachen ee Kuch mat Käerzen“, erzielt hatt hinnen an der Educatrice. „Komm“, seent hatt bemol zum P. “Du bass den Papp, ech sinn d‘Mamm“. „Kanns du mir de Schietesch undoen“ freet de P. d’Educatrice. Zesummen spillen si am Kicheneck. Et kann een héieren wei si zesummen hier Handlungen beschwätzen an Rollen vun Mamm a Papp nospillen.
Zur gläicher Zäit
den D. ass an senger Spill-Welt. D'Autoen knuppen aneneen, fueren ronderëm. „Brumm Brumm“ an sëllech aner Auto - Geräischer imitéiert hien.
C. an M. sprangen an turnen ronderëm, Hänn an Posch vollgepaakt.
S. kuckt sech alles vun wäitem un, säin Kuscheldéier ëmmer mat dabei är hatt bei déi aner Kanner geet, déi sech ronderëm dem Dësch versammelen. Ugezunn vum ugebuedenen Material (haut Faarwen an Toillen) an drop lass gemoolt hunn. Dobäi sinn e puer richteg flott Konschtwierker entstanen.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Caterina a Christelle |
| Nom du groupe | Bei de Léiwen |
| Âge | 2-3 ans 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | Spillen ass eng Zäit wou: Kanner am allermeeschten an ganz niewebäi léieren, Kanner eegenen Iddien an Bedierfnisser nogoen kënnen an all Entwécklungsberäich ugesprach kann ginn. |
| Nombre d'enfants | 11 |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Valeurs, participation et démocratie Langue, communication et médias Créativité, art et esthétique Mouvement, conscience corporelle et santé Sciences et techniques Education plurilingue Inclusion |
Besonnesch fir kleng Kanner sinn Ritualer immens wichteg fir dass si sech gebuergen fillen.
Hei wëllen mir een Ritual aus eisem Moieskrees duerstellen deen de Kanner immens vill Freed mëscht:
An enger entspaanter Atmosphäre setzen mir eis zesummen an ee Krees. Voller Erwaardung kucken Kanner no, wei d’Educatrice vill kleng Käerzen an der Mëtt opstellt. Spéitstens elo kommen och déi lëscht Kanner an de Krees dobei gekrabbelt, well si wëssen dass et geschwënn wonnerbar am Raum glënnert, an dat well keen verpassen.
„ Wien ass dann haut hei“ sprécht d’Educatrice Kanner un. All Kand seet säin Numm, während d’Educatrice eng kleng Käerz fir all genannten Kand ufänkt. No an no glënneren ëmmer méi Käerzen an der Mëtt vun eisem Moieskrees. "Wien kritt dann nach eng Käerz?" freet d'Educatrice. Kanner, déi haut net do sinn, ginn genannt, munchmol kréien och den Petzi, d’Mamma oder aner Figuren eng Käerz ugefaangen.
Ganz besonnesch ass et, wann mir eng kleng Käerz an een Glas stellen an Kanner Glas mat dem klengen waarmen Feier an der Hand halen kënnen. Ganz konzentréiert kucken si ewéi et an hirer Hand glënnert, ewéi déi kleng Flam flackert, spieren hier Hëtzt, kleng Hänn ginn ganz schéin ugestrengt wann se Glas mam Feier vun Kand zu Kand weiderreechen.
Kanner wëssen scho ganz gutt, dass een mam Feier net dierf spillen an een gutt muss oppassen.
Käerzen ausblosen gehéiert natierlech och dozou. Kanner klappen vu Freed an d'Hänn wann se vill Käerzen ausblosen, den Damp an d’Luut geet an et nees däischter gëtt an Käerzen nach eng Kéier an nach Kéier ugefaangen kënnen ginn.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Carole a Christelle |
| Nom du groupe | Bei de Léiwen |
| Âge | 2-3 ans 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | Sproochförderung a Meisproochegkeet Gebuergenheet Entspaanung a Konzentratioun Entdecken vum Element Feier |
| Nombre d'enfants | 6 |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Valeurs, participation et démocratie Langue, communication et médias Créativité, art et esthétique Mouvement, conscience corporelle et santé Sciences et techniques Education plurilingue Inclusion |
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Carole, Catherina, Christelle, Cindy, Jason |
| Nom du groupe | Bei de Léiwen; Am Giraffenland |
| Âge | 0-1 ans 1-2 ans 2-3 ans 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | Eng wanterlech Atmosphäre am Raum schafen |
| Projet dont l'offerte fait partie | Alles ronderem Bauen |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Valeurs, participation et démocratie Créativité, art et esthétique |
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Carole |
| Nom du groupe | Bei de Leiwen |
| Âge | 2-3 ans 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | Erfahrungen mam Waasser maachen. |
| Nombre d'enfants | 5 |
| Projet dont l'offerte fait partie | Alles ronderem Bauen |
| Champs d'action (max.: 4) | Valeurs, participation et démocratie Langue, communication et médias Créativité, art et esthétique Mouvement, conscience corporelle et santé Sciences et techniques |
Den 6. Dezember klappt et un der Dier, de Kleeschen ass do. Hien koum bis bei eise eran mat Spillgezei, Bicher a Boxemännercher.
De Kleeschen huet sech de ganze Moien fir eis Zäit geholl; Kanner haten him vill ze erzielen. Dat war richteg flott, um Schouss vum léiwe Kleeschen setzen an zesummen Bicher kucken an poteren.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Carole, Catherina, Christelle an den Kleeschen |
| Âge | 2-3 ans 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | Traditiounen erliewen |
| Partenaire(s) de coopération | Autres |
| Autres partenaires | De Kleeschen |
| Nombre d'enfants | 11 |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales |
Et get villfälteg Methoden fir Geschichten ze erziehlen. Awer egal an weienger Form, et bedeit eng grouss Konzentratioun sech net nemmen op Bild ze konzentreieren, mai och op den Inhalt.
Den Kamishibai, een Erziehltheater ass een flotten Medium zur Sproochförderung.
Mir notzen dësen Erziehltheater gären am Alldag, zbso am Moieskreess.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Christelle |
| Nom du groupe | Bei de Léiwen |
| Âge | 2-3 ans 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | Sproochförderung. De Kanner déi lëtzebuergesch an déi franséisch Sprooch méi no bréngen. |
| Nombre d'enfants | 7 |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Valeurs, participation et démocratie Langue, communication et médias Education plurilingue |
Mir hunn eis gutt agemummelt, de Weenchen gepaakt a lass ass et gaangen, bis an de Bësch.
Hei gëtt ëmmer eppes Neies ze entdecken: haut war et naass dobaussen. Fisemreen, Matsch, Pill, pecheg a naass Blieder, de Geroch vum naassem Buedem a Niwwel hunn eis begleet.
Mir hunn d’Chance, dat de Bësch direkt niewendru ass an eis Kanner direkt lasslafen kennen. Kanner konnten hin an hier lafen, zesummen mat dem léifsten Frënn oder eleng. D’Equipe behält déi Kleng natierlech an den Aen an rifft stopp, wann Kanner ze vill weit fort lafen. Wichteg ass awer, dass all Kand sengen Beschäftegungen nogoen kann.
Wei sou oft, war och haut de Wee bis bei eis Bëschplaatzen esou interessant, dass mir guer net do ukomm sinn. Kanner sinn léiwer den Hiwwel eropgeklotert an erofgerutscht ,si hunn mat Bengelen am Matsch a Pill gepuddelt, an sinn duerch Blieder gefatzt, … bis dass et Zäit war zeréck an d’Crèche ze goen, wou Mëttegiessen schonn gewaart huet.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Catherina, Christelle |
| Nom du groupe | Bei de Léiwen; Am Giraffenland |
| Âge | 1-2 ans 2-3 ans 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | Villfälteg Beweegungsreizer erméiglechen villfälteg Beweegungserfahrungen; lafen, sprangen, kloteren asw. Natur entdecken mat sengen villen Sennesandrëck. Platz an Zäit eegen Bedierfnisser ongehënnert nozegoen |
| Nombre d'enfants | 12 |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Valeurs, participation et démocratie Mouvement, conscience corporelle et santé Sciences et techniques Education plurilingue Inclusion |

« Yuppiiie, de Bus ass do ! »
Mir haaten dei grouss Chance op Niederanven an Kulturhaus, een klengen Musical kucken ze goën.
Den Duo « Pic et Colegram » vu Montpellier huet de musekalesche Spektakel « TOUT PAREIL opgefouert :
« Au départ, quatre mains, deux corps qui n’en font qu’un, deux voix mêlées, un duo singulier et touchant qui se découvre peu à peu. Imiter pour se rencontrer, pour jouer des mots, des gestes et des mélodies ; mais aussi pour apprendre, pour se détacher, pour créer. Partant à la recherche de la variation sonore et musicale, Tout Pareil ! Donne à voir au tout-petit un espace sensible et poétique, un jeu des ressemblances qui explore le geste dans sa relation au son. Pour le plaisir de découvrir un spectacle créé à quatre mains, deux voix et tout plein de doigts ! » http://www.pic-et-colegram.fr
Eis Kleng waren esou gefesselt a faszinéiert, si hu nëmmen gestaunt, gelauschtert a matgemaach.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Déborah an d'Carole |
| Nom du groupe | Bei de Leiwen |
| Âge | 2-3 ans 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | Den Besuch am Theater, mat all sengen Andréck an senger Atmosphäre (Luuchten, de grousse Sall, vill verschidden Kläng a Faarwen,, …) soll eng flott Méiglechkeet sinn, Kanner ze begeeschteren an ze faszinéieren. De Spektakel (Musek, Gesang a Sprooch) ënnerstëtzt Kanner dobäi, d’Welt vun der Musek ze entdecken Well dëse Spektakel op franséisch ass, ass et eng flott Méiglechkeet, de Kanner des Sprooch op eng léif Aart a Weis mei o ze bréngen. |
| Partenaire(s) de coopération | Association(s) sportive(s) ou culturelle(s) |
| Nombre d'enfants | 9 |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Valeurs, participation et démocratie Langue, communication et médias Créativité, art et esthétique Education plurilingue Inclusion |