FR DE

Suche

Typ:


Projekt dem das Angebot angehört:


Name des Raumes / des Ortes:


Handlungsfelder (Max.: 4):


Alter:


Stichworte:


Suchen

Journal de bord


Spurlose Malerei

Pädagogisches Angebot

24.01.2018
veröffentlicht von Carole Hamen
sichtbar für Gäste


Was ist spurlose Malerei? Man nimmt ein dickes Blatt Papier und macht verschiedene Farbekleckse darauf . Das „bekleckste“ Blatt tut man in eine Folie.

Ich setze die Kinder, welche Neugierde an dem Angebot zeigen an den Tisch und gebe jedem Kind ein vorbereitetes Blatt.

Die Kinder drücken, reiben und klatschen mit Fingern und Handflächen auf die Farbklekse.  

Manches Kind ist sichtlich erstaunt, dass die Farbklekse keine Spuren an den Händen hinterließen

Mit Freude und Hingabe „malen“ die Kleinen, verwischen und mischen neue Farben.

Währenddessen begleite ich die Tätigkeiten der Kinder sprachlich und benenne die Farben.

Die entstandenen kleinen Kunstwerke dekorieren nach dem Trocknen unseren Raum.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Jason
Gruppenname Am Giraffenland
Alter 0-1 Jahre
1-2 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

Das Thema der Farbenwelt begleitet uns ständig. Spurlose Malerei, ein Angebot:

das die Neugierde und Begeisterung der Kinder anregt,

wo die Kinder erleben wie neue Farben entstehen.

wie sie selbst Spuren erzeugen

Anzahl der Kinder 5
Handlungsfelder (Max.: 4) Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Sprache, Kommunikation, Medien
Kreativität, Kunst, Kultur
Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit
Umwelt, Naturwissenschaften, Technik




Enges Moies an der Crèche.

Pädagogisches Angebot

23.01.2018 - 23.01.2018
veröffentlicht von Carole Hamen
sichtbar für Gäste


Den Openthaltsraum vum Grupp bei de Léiwen gliddert sech an verschidden Spillberäicher. Iwwersichtlech Spillsaachen an verschidden Materialien déi Kanner uspriechen fir, dass all Kand dat fënnt wat et brauch. Hei ass een Beispill vun engem Moien während dem Fräispille. All Kand entscheet selwer mat wiem an mat wat et spillt:

L. stécht Baukastestécker aneneen. Den R. an den P. kucken him no. „Ech maachen ee Kuch mat Käerzen“, erzielt hatt hinnen an der Educatrice. „Komm“, seent hatt bemol zum P. “Du bass den Papp, ech sinn d‘Mamm“. „Kanns du mir de Schietesch undoen“ freet de P. d’Educatrice. Zesummen spillen si am Kicheneck. Et kann een héieren wei si zesummen hier Handlungen beschwätzen an Rollen vun Mamm a Papp nospillen.

Zur gläicher Zäit 

den D. ass an senger Spill-Welt. D'Autoen knuppen aneneen, fueren ronderëm. „Brumm Brumm“ an sëllech aner Auto - Geräischer imitéiert hien.

C. an M. sprangen an turnen ronderëm, Hänn an Posch vollgepaakt.

S. kuckt sech alles vun wäitem un, säin Kuscheldéier ëmmer mat dabei är hatt bei déi aner Kanner geet, déi sech ronderëm dem Dësch versammelen.                Ugezunn vum ugebuedenen Material (haut Faarwen an Toillen) an drop lass gemoolt hunn. Dobäi sinn e puer richteg flott Konschtwierker entstanen.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Caterina a Christelle
Gruppenname Bei de Léiwen
Alter 2-3 Jahre
3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

Spillen ass eng Zäit wou:

Kanner am allermeeschten an ganz niewebäi léieren,

Kanner eegenen Iddien an Bedierfnisser nogoen kënnen an

all Entwécklungsberäich ugesprach kann ginn.

Anzahl der Kinder 11
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Sprache, Kommunikation, Medien
Kreativität, Kunst, Kultur
Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit
Umwelt, Naturwissenschaften, Technik
Plurilinguale Bildung
Inklusion




Liichter am Moieskrees

Pädagogisches Angebot

16.01.2018 - 16.01.2018
veröffentlicht von Carole Hamen
sichtbar für Gäste


Besonnesch fir kleng Kanner sinn Ritualer immens wichteg fir dass si sech gebuergen fillen.

Hei wëllen mir een Ritual aus eisem Moieskrees duerstellen deen de Kanner immens vill Freed mëscht:

An enger entspaanter Atmosphäre setzen mir eis zesummen an ee Krees. Voller Erwaardung kucken Kanner no, wei d’Educatrice vill kleng Käerzen an der Mëtt opstellt. Spéitstens elo kommen och déi lëscht Kanner an de Krees dobei gekrabbelt, well si wëssen dass et geschwënn wonnerbar am Raum glënnert, an dat well keen verpassen.

„ Wien ass dann haut hei“ sprécht d’Educatrice Kanner un. All Kand seet säin Numm, während d’Educatrice eng kleng Käerz fir all genannten Kand ufänkt. No an no glënneren ëmmer méi Käerzen an der Mëtt vun eisem Moieskrees. "Wien kritt dann nach eng Käerz?" freet d'Educatrice. Kanner, déi haut net do sinn, ginn genannt, munchmol kréien och den Petzi, d’Mamma oder aner Figuren eng Käerz ugefaangen.

Ganz besonnesch ass et, wann mir eng kleng Käerz an een Glas stellen an Kanner Glas mat dem klengen waarmen Feier an der Hand halen kënnen. Ganz konzentréiert kucken si ewéi et an hirer Hand glënnert, ewéi déi kleng Flam flackert, spieren hier Hëtzt, kleng Hänn ginn ganz schéin ugestrengt wann se Glas mam Feier vun Kand zu Kand weiderreechen.

 Kanner wëssen scho ganz gutt, dass een mam Feier net dierf spillen an een gutt muss oppassen. 

Käerzen ausblosen gehéiert natierlech och dozou. Kanner klappen vu Freed an d'Hänn wann se vill Käerzen ausblosen, den Damp an d’Luut geet an et nees däischter gëtt an Käerzen nach eng Kéier an nach Kéier ugefaangen kënnen ginn.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Carole a Christelle
Gruppenname Bei de Léiwen
Alter 2-3 Jahre
3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) Sproochförderung a Meisproochegkeet
Gebuergenheet
Entspaanung a Konzentratioun
Entdecken vum Element Feier
Anzahl der Kinder 6
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Sprache, Kommunikation, Medien
Kreativität, Kunst, Kultur
Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit
Umwelt, Naturwissenschaften, Technik
Plurilinguale Bildung
Inklusion




D'Wanterduerf

Pädagogisches Angebot

20.12.2017 - 29.12.2017
veröffentlicht von Carole Hamen
sichtbar für Gäste


Molen, Schneiden, Päschen, Sammelen, Sortéieren, Opstellen an Diskutéieren. No sëllechen Aktivitéiten ass een Wanterduerf entstanen, wou Grouss a Kleng verzaubert huet.

» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Carole, Catherina, Christelle, Cindy, Jason
Gruppenname Bei de Léiwen; Am Giraffenland
Alter 0-1 Jahre
1-2 Jahre
2-3 Jahre
3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) Eng wanterlech Atmosphäre am Raum schafen
Projekt dem das Angebot angehört Alles ronderem Bauen
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Kreativität, Kunst, Kultur




Atelier - Waasser

Pädagogisches Angebot

20.12.2017 - 20.12.2017
veröffentlicht von Carole Hamen
sichtbar für Gäste


Kanner wollten am Kader vum Thema "Bauen", Waasser am Wanterduerf hunn. 
Ausgehend vun dëser Idee, ass et lass gaangen mam Spill mat Waasser fir Tuten opzefëllen, déi 'Waasser am Duerf duerstellen:
  • Tut opfëllen an erëm austippen
  • nokucken wei d'Waasser an Tut leeft an des ëmmer méi voll gëtt oder bis se iwwergelaf ass
  • Waasser ass schwéier, wei vill Tuten mat Waasser kann ech droen
  • Wei vill Waasser kann ech afëllen fir dass Tut kann zougeknuet ginn
  • Wat geschitt wann ech Faarwen mat an Tut ginn


» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Carole
Gruppenname Bei de Leiwen
Alter 2-3 Jahre
3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) Erfahrungen mam Waasser maachen.
Anzahl der Kinder 5
Projekt dem das Angebot angehört Alles ronderem Bauen
Handlungsfelder (Max.: 4) Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Sprache, Kommunikation, Medien
Kreativität, Kunst, Kultur
Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit
Umwelt, Naturwissenschaften, Technik




Eng Geschicht vum Kleeschen

Pädagogisches Angebot

06.12.2017 - 06.12.2017
veröffentlicht von Carole Hamen
sichtbar für Gäste


Den 6. Dezember klappt et un der Dier, de Kleeschen ass do. Hien koum bis bei eise eran mat Spillgezei, Bicher a Boxemännercher. 

De Kleeschen huet sech de ganze Moien fir eis Zäit geholl; Kanner haten him vill ze erzielen. Dat war richteg flott, um Schouss vum léiwe Kleeschen setzen an zesummen Bicher kucken an poteren.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Carole, Catherina, Christelle an den Kleeschen
Alter 2-3 Jahre
3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) Traditiounen erliewen
Kooperationspartner Andere
Andere Partner De Kleeschen
Anzahl der Kinder 11
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen




Kamishibai

Pädagogisches Angebot

20.11.2017 - 20.11.2017
veröffentlicht von Carole Hamen
sichtbar für Gäste


Et get villfälteg Methoden fir Geschichten ze erziehlen. Awer egal an weienger Form, et bedeit eng grouss Konzentratioun sech net nemmen op Bild ze konzentreieren, mai och op den Inhalt.

Den Kamishibai, een Erziehltheater ass een flotten Medium zur Sproochförderung.

Mir notzen dësen Erziehltheater gären am Alldag, zbso am Moieskreess.

  • Biller sinn schéin grouss mat einfachen awer ausdrocksstaarken Duerstellungen.
  • Dësen klengen Theater gëtt den Biller eng Rumm an léisst Kanner sech op dat Wesentlech, op Bild fokusséieren an gläichzäiteg nolauschteren.
  • Mir erzielen Geschichten ëmmer am direkten Dialog mat den Kanner, dëst an verschidden Sproochen.
  • Et fënnt een eng grouss Auswiel un Billergeschichten fir den Kamishibai, mat Inhalter déi d'‘Interessen an Themen vun de Kanner uspriechen. (Haut z.B. Geschicht vun der decker Rommel)
  • Fir Kanner ass et spannend ze erliewen, wei eng bekannten Geschicht sech an verschiddenen Sproochen unhéiert oder dei markant Spréch matzeschwätzen/nozesoen.


» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Christelle
Gruppenname Bei de Léiwen
Alter 2-3 Jahre
3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) Sproochförderung.
De Kanner déi lëtzebuergesch an déi franséisch Sprooch méi no bréngen.
Anzahl der Kinder 7
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Sprache, Kommunikation, Medien
Plurilinguale Bildung




Mir ginn an de Bësch

Pädagogisches Angebot

15.11.2017
veröffentlicht von Carole Hamen
sichtbar für Gäste


Mir hunn eis gutt agemummelt, de Weenchen gepaakt a lass ass et gaangen, bis an de Bësch.

Hei gëtt ëmmer eppes Neies ze entdecken: haut war et naass dobaussen. Fisemreen, Matsch, Pill, pecheg a naass Blieder, de Geroch vum naassem Buedem a Niwwel hunn eis begleet.

Mir hunn d’Chance, dat de Bësch direkt niewendru ass an eis Kanner direkt lasslafen kennen. Kanner konnten hin an hier lafen, zesummen mat dem léifsten Frënn oder eleng. D’Equipe behält déi Kleng natierlech an den Aen an rifft stopp, wann Kanner ze vill weit fort lafen. Wichteg ass awer, dass all Kand  sengen Beschäftegungen nogoen kann.

Wei sou oft, war och haut de Wee bis bei eis Bëschplaatzen esou interessant, dass mir guer net do ukomm sinn.  Kanner sinn léiwer den Hiwwel eropgeklotert an erofgerutscht ,si hunn mat Bengelen am Matsch a Pill gepuddelt, an sinn duerch Blieder gefatzt, … bis dass et Zäit war zeréck an d’Crèche ze goen, wou Mëttegiessen schonn gewaart huet.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Catherina, Christelle
Gruppenname Bei de Léiwen; Am Giraffenland
Alter 1-2 Jahre
2-3 Jahre
3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

Villfälteg Beweegungsreizer erméiglechen villfälteg Beweegungserfahrungen; lafen, sprangen, kloteren asw.

Natur entdecken mat sengen villen Sennesandrëck.

Platz an Zäit eegen Bedierfnisser ongehënnert nozegoen

Anzahl der Kinder 12
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit
Umwelt, Naturwissenschaften, Technik
Plurilinguale Bildung
Inklusion




Dei kleng Leiwen am Theater

Pädagogisches Angebot

17.10.2017
veröffentlicht von Carole Hamen
sichtbar für Gäste


« Yuppiiie, de Bus ass do ! »

Mir haaten dei grouss Chance op Niederanven an Kulturhaus, een klengen Musical kucken ze goën.

Den Duo  « Pic et Colegram » vu Montpellier huet de musekalesche Spektakel «  TOUT PAREIL opgefouert :

« Au départ, quatre mains, deux corps qui n’en font qu’un, deux voix mêlées, un duo singulier et touchant qui se découvre peu à peu. Imiter pour se rencontrer, pour jouer des mots, des gestes et des mélodies ; mais aussi pour apprendre, pour se détacher, pour créer. Partant à la recherche de la variation sonore et musicale, Tout Pareil ! Donne à voir au tout-petit un espace sensible et poétique, un jeu des ressemblances qui explore le geste dans sa relation au son. Pour le plaisir de découvrir un spectacle créé à quatre mains, deux voix et tout plein de doigts ! »  http://www.pic-et-colegram.fr

Eis Kleng waren esou gefesselt a faszinéiert, si hu nëmmen gestaunt, gelauschtert a matgemaach.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Déborah an d'Carole
Gruppenname Bei de Leiwen
Alter 2-3 Jahre
3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

Den Besuch am Theater, mat all sengen Andréck an senger Atmosphäre (Luuchten, de grousse Sall, vill verschidden Kläng a Faarwen,, …)  soll eng flott Méiglechkeet sinn, Kanner ze begeeschteren an ze faszinéieren.

De Spektakel (Musek, Gesang a Sprooch) ënnerstëtzt Kanner dobäi,  d’Welt vun der Musek ze entdecken

Well dëse Spektakel op franséisch ass, ass et eng flott Méiglechkeet, de Kanner des Sprooch op eng léif Aart a Weis mei o ze bréngen.

Kooperationspartner Sportliche oder kulturelle Vereinigung(en)
Anzahl der Kinder 9
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Sprache, Kommunikation, Medien
Kreativität, Kunst, Kultur
Plurilinguale Bildung
Inklusion




first next next last